eBooks um iPad mat Book Creator erstellen

Aus der Praxis, fir d'Praxis.

Zesumme mat eisem Partner EduTec stelle mir Iech d'App Book Creator vir a weisen Iech wéi ee flott eBooks um iPad erstelle kann. 

De Book Creator ka vu Schüler/innen, awer och vun Enseignantë genotzt gi fir en Thema ze presentéieren, interaktiv Exercicer ze gestalten, Billergeschichten ze erstellen, Léiermaterial ze dokumentéieren a Villes méi. 

De Book Creator ka bei Schüler/-inne vun allen Altersstufen an transversal an alle Fächer agesat ginn.

Sidd dobäi. Mir freeën eis op Iech.

Är Ekipp Educatioun Lineheart.

 

Aschreiwung


Mat der Participatioun vum :

Sid Mysore - Direkter bei EduTec, Apple Professional Learning Distributor
• Steve Eiffes - Responsabel fir Educatiouns-Projetë bei Lineheart

Wéini : Donneschdes, den 17. Juni 2021
Auerzäit : 15.00 bis 16.30 Auer
Zilgrupp : Enseignantë aus dem EF/ES
Wou : Digital Formatioun
Sprooch : Lëtzebuergesch
Käschten : Fräi Participatioun
 


Dir hutt Froen ? Kontaktéiert eis Spezialisten fir d'Educatioun.

• per E-mail op education@lineheart.lu
• telefonesch um (+352) 44 68 44 - 1


Autres Actualités